schwaarztrendvei

«INITIATIV SCHWAARZT RENDVÉI»

D’Initiativ « Schwaarzt Rendvéi » ass eng net méi ganz esou spontan Reaktioun op de Gesetzesvirschlag vum Deputéierte Michel Wolter fir en historeschen, traditionalisteschen a reaktionäre lëtzebuerger Emblème zu eisem Nationalfändel ze maachen.
Mir huelen un, esou soll een de Fändel och besser vum franséichen a vum hollännesche kënnen ennerscheeden, aus Respekt virunn all eise Matbierger, déi sech entweder gären permanent and enger horizontaler Positioun befannen resp. Faarweblann sinn.
D’Initiative « Schwaartz Rendvéi » ass ausdrécklech net politesch, mee hofft eemol esou ze ginn wann se grouss a staark ass; well fir eis ass all gesellschaftlech Handlung politesch, och wann een de Géigendeel déklaréiert. Se huet och keen nationalisteschen oder patrioteschen Ursprong. Mir wessen zwar net wisou daat hei steet, mee et schengt mol gudd ze maachen an d'Gewessen ze berouegen. Dofir schreiwe mir daat och heihinn.

D’Initiative well déi Leit zesummebrengen,

  • déi d’Idee vum Roude Léiw als Emblème absolut eefalteg fannen an déi sech e Schwaarzt Rendvéi als Emblème wënschen, fir eis Regierung och besser vun aneren kënnen ze ennerscheeden.
  • déi einfach insgesamt all Fändelen domm fannen oder Angscht virun hinnen hunn; déi och keng Loscht méi hunn entweder fir en aale Roude Léiw oder e roud-wäiss-bloe Fändel ze ennerschreiwen.
  • déi vu lauter Fändelen net méi wesse wou hiere Kapp steet an sech rem wëllen op Wesentleches konzentréieren. (Mir wëllen domadder net soen, datt mam Roude Léiw soll absichtlech vun iergendepppes oofgelenkt ginn... soss ginge mer jo Krich féieren, wéi all aanere seriöe Staat deen eppes op sech hällt)

Ahjo, iwwregens hu mir e Forum wou ee wierklech eppes schreiwe kann ;)


Aktioun „Autocollant“

D’Initiativ « Schwaarzt Rendvéi » huet Autocollanten drecke gelooss mam Schwaarze Rendvéi an engem Slogan Ech sinn dofir - Hu soss keng Péng. Jiddereen deen d’Initiativ Schwaarzt Rendvéi ennerstëtze wëll, kann dësen Autocollant op säin Auto pechen. (Et ass awer och net verbueden en sech op d’Stir, op d’Hausdir, vun hannen oder vir op dem Papp säi Gefir oder soss entzwouch hinn ze pechen)
D’Autocollanten kann ee bestellen op der e-mail Adress

Sorry, mee mir hu keng Pechbiller méi.

Dir kënnt awer och weiderhinn gären en Don op eise Konto bäi der Fortis maachen fir dës a weider Aktivitéiten ze ënnerstëtzen.
En ev. Erléis geet un d’Déierenasyl.
BIC: BGLLLULL
IBAN: LU89 0030 2548 5070 1000




Ënnerschrëftelëscht

Dir musst a sollt hei iwwerhaapt näischt, ausser iech Froen ze stellen. Mee well mir wësse wéi gären dass d’Leit iergendswouch ënnerschreiwen, kenn Dir iech an eis Ënnerschrëftelëscht androen.



Kontakt

D’Leit déi wëlle mat eis meckeren, mat eis diskutéieren oder aktiv mathëllefen. (z.B. schwaarz Källef ziichten, eis Blummen nätzen, aus Lëtzebuerg emigréieren) kënnen sech mellen op der E-mail Adress info@initiativ-schwaarztrendvei.lu oder per Kontaktformular.


Visiten

Mir hu kee Plang wéivill Leit op deser Säit scho waren, an ët ass eis och puupegal.
Mir sinn online, a stolz drop, säit dem 24.11.2006
Dëst ass eng Parodie. D'Auteuren vun der Initiativ Schwaartz Rëndvéi notzen hei hir verfassungsrechtlech geschützte Meenungsfräiheet fir eng aaner Initiativ (déi ënner aanerem op engem Website öffentlech gemat gouf) ze parodéieren an ze karikaturéieren a soumatt hir Meenung zu dëser Initiativ zum Ausdrock ze brengen.
Souwäit nët aanescht vermierkt, stinn all Grafiken op dëser Säit ennert der Creative Commons Attribution-ShareAlike Lizenz.